Iwwerraschend Nouvelle aus der Formel 1 um Donneschdeg: Mercedes konfirméiert d'Trennung vum Motorsportchef Norbert Haug

De Kontrakt mam 60 Joer alen Norbert Haug gëtt Enn vun dësem Joer, "d'un commun accord" wéi et heescht, opgeléist. De Norbert Haug war Motorsportchef bei der däitscher Austosmarque.