Um Dënschdeg war déi éischte Kéier an der neier Saison, datt d'Formel 1-Autoen iwwer e Circuit hunn dierfen.

Zu Jerez däerf nach bis e Freideg getest ginn. Natierlech ass och d'Ecurie Lotus F1 Team vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux a Spuenien.

Iwwert de Wanter goufen d'Monoplacen fir d'Saison 2013 fit gemaach. Bis elo huet een mat deene neie Ween just Wäerter aus der Simulatioun an aus dem Wandkanal. Am Test zu Jerez gesäit een dann och wat déi sensibel Formel 1 Boliden op der Piste drop hunn, de Gerard Lopez Patron vun der Ecurie Lotus F1 Team. Wéi dat lescht Joer ass een nees zouversichtlech, och wann d'Erwaardungen méi héich sinn wéi 2012. Et wëll een op alle Fall mol net méi schlecht ofschneiden. Wichteg ass elo un den Daten ze gesinn, datt den Auto ee Sprong no vir gemaach huet. Dann ginn et Enn des Mounts nach zwee Rendezvousen zu Barcelona fir ze testen.

D'lescht Saison war et jo de Retour vum Kimi Räikkönen. Am Joer vu sengem Comeback gouf de Finn mam Lotus direkt den drëtten am Weltmeeschterschaftsklassement, hannert Sebastian Vettel an Fernando Alsono. Soll den Räikkönen, déi Zwee dës Saison nach méi rosen kënne maachen, dozou dem Iceman säi Patron Gerard Lopez. Eis Pilote mat engem gudden Auto kënnen um Enn vun der Saison um Podium stoen.

Déi 11 Ecurien testen an dësen Deeg zu Jerez, den 17. Mäerz geet et da lass mam Grousse Präis vun Australien zu Melbourne.

AUDIO: Formel 1 Test zu Jerez/Reportage Franky Hippert