Op deenen éischte Ronnen op engem Circuit fir dëst Joer ass schonn esou munches lass gewiescht.

A Spuenien war mam Jerry André och e Lëtzebuerger Automobilsportfotograf, deen dat Ganzt déi lescht Deeg materlieft huet.

All Dag ass iergend eng lass gewiescht. An och um Freideg, wou d'Formel 1-Boliden hir lescht Tier um Circuito permanente de Jerez gedréit hunn, war nees vun allem dobäi, de Jerry André. Do ginn déi nei Autoe probéiert a bis op d'Limite gefuer. Bei Mercedes huet et nach net Ronn gedréit. D'Presentatioun gouf kritiséiert, dem Rosberg seng Monoplace huet gebrannt, den Hamilton hat schonn eng anstänneg Sortie de route.

Anescht gesäit et do bei der Ecurie Lotus F1 Team aus, vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux. Hien hätt eng Topfaarf, sou de Jerry André, an och d'Resultater bei dësen Deeg a Spuenien sinn top gewierscht. An och wat d'Atmosphäre beim Lotus F1 Team ugeet, ass alles am grénge Beräich. Et ass alles easy, et géif ee keen Drock spieren.

Bei Red Bull mierkt een, datt de Weltmeeschter Sebastian Vettel onbedéngt säi 4.Titel hannerteneen an d'Ecurie nees d'Konstrukteurs-WM soll gewannen. Do gëtt alles direkt verdeckt, fir datt d'Konkurrenz awer och nëmme kee Milimeter vum Auto ka knäipen, esou de Jerry André.