Elo ass et offiziell: Den Adrian Sutil kritt dat zweet Cockpit bei Force India. Hien ass domatter den Teamkolleg vum Paul di Resta.

De Sutil kënnt domatter no enger Zwangspaus vun engem Joer zréck bei den indesche Rennstall. Hie gëtt den Nofolger vum Nico Hülkenberg, dee bei Sauber gewiesselt.

Domat verdrängt de Sutil säi Kontrahent, de Fransous Jules Bianchi, fir dee Ferrari sech staark gemaach hat.