Formel-1: Lotus-Pilot Kimi Raikkönen muss Tester ofbriechen

De Formel-1 Pilot Kimi Raikkönen huet sech de Mo verduerwen an domat si seng lescht Tester mam neie Lotus an d'Waasser gefall.
D'Ecurie vum Gérard Lopez ass fir Tester op engem Circuit bei bei Barcelona.
Um Samschdeg geet een Ersatzpilot an den Asaz. Den zweete Pilot Romain Grosjean ass vun engem PR-Rendez-Vous nees zréckbestallt ginn a klëmmt da nees an de Lotus, wann de Raikkönen bis dohin net fit ass.
An zwou Wochen ass déi éischt Course an Australien.
Am meeschte gelies