Ecclestone géint e Vettel-Wiessel bei Ferrari

De Formel 1 Chef Bernie Ecclestone huet dem Sebastian Vettel ofgerode vu Red Bull bei Ferrari ze wiesselen.
An der Bild Zeitung ënnersträicht hien, datt et, senger Meenung no, keng Ursaach fir den dräifache Weltmeeschter gëtt bei der italienescher Traditiounsecurie z'ënnerschreiwen.
An der Branche gëtt jo scho méi laang driwwer spekuléiert, datt de Vettel bei Ferrari geet, wa säi Kontrakt bei Red Bull Enn d'nächst Joer ausleeft.
Déi nei Saison fänkt e Sonndeg zu Melbourne un.
Am meeschte gelies