D'Formel 1 Saison fänkt dëse Weekend un

Formel 1: Um 1. an 2. fräien Training fir de Grousse Präis vun Australien war den Titelverdeedeger Sebastian Vettel dee Séiersten.
Am 1. fräien Training huet de Vettel sech géint d'Ferrari-Pilote Felipe Massa a Fernando Alonso duerchgesot.
Am 2. fräien Training war säin Teamkolleg Mark Webber op zweeter Plaz. Bei Mercedes haten se dergéint e puer Suergen: de Lewis Hamilton ass vun der Piste ofkomm, an an d'Pneue gerannt, an de Rosberg, deen déi drëttbescht Zäit hat, hat Problemer mat der Boîte. Op d'Plaze 4 a 5 kommen déi zwee Lotus-Pilote Kimi Räikkönen a Romain Grosjean.
D'Course zu Melbourne ass e Sonndeg de Moien um 7 Auer eiser Zäit.
Am meeschte gelies