F1: Reen zu Melbourne, Qualifying op Sonndeg verréckelt

Den éischte Grand Prix vun der neier Formel-1-Saison ass e Sonndegmoien ëm 7 Auer. De Qualifying ass wéinst ze vill Reen elo 6 Stonne virun der Course!
Eng Pole Positioun gëtt et nach net ... Um Samschdeg de Moien um 7 Auer sollt de Qualifying an Australien sinn. Den éischte Qualifying huet awer eréischt eng hallef Stonn méi spéit ugefaangen, well et vill gereent a gestiermt huet. Op der Streck am Albert Park gouf et vill Pill an déi huet ee versicht, mat Biesen ewech ze maachen.
Den zweete Qualifying ass e puer Mol verréckelt ginn an dunn hunn d'Stewarts decidéiert, datt de Q2 an den Q3 eréischt um Sonndeg sinn, an dat um eng Auer an der Nuecht eiser Zäit (11h an Australien). Um 7 Auer, also 6 Stonnen dono, ass jo dann den Depart vun den Course.
Vill Accidenter wéinst dem Reen am Albert-Park
Séiersten ënner net repräsentative Bedingunge war um Samschdegmoien de Mercedes-Pilot Nico Rosberg an 1:43,380 Minutten.
Deen neie Mercedes-Pilot Lewis Hamilton huet säi Bolid bei engem Dréier op der naasser Streck genee esou beschiedegt wéi de Ferrari-Pilot Felipe Massa, de Sauber-Fuerer Esteban Gutierrez an déi 2 Caterham-Piloten Giedo van der Garde an Charles Pic.
De Weltmeeschter Vettel huet den éischte Qualifying ouni Accident iwwerstanen.