Grousse Präis vun Australien: Victoire vum Kimi Räikkönen

Formel 1: Beim Grousse Präis vun Australien wënnt de Kimi Räikkönen op Lotus virum Fernando Alonso (Ferrari) an dem Sebastian Vettel (Red Bull).
Beim eischte Grand Prix an der neier Saison, gëtt et déi éischt Victoire fir de Lotus-Pilot Kimi Räikkönen. Besser hätt et net kënnen ufänken, sou de Gerard Lopez am RTL-Interview.
Beim Grousse Präis vun Australien zu Melbroune setzt sech de Finn, no 58 Tier, virum Spuenier Fernando Alonso op Ferrari, an dem Weltmeeschter Sebastian Vettel op Red Bull duerch. Am Laf vun der Course huet ee schonn gemierkt, datt et eppes mat der Zweestopp-Strategie vun Lotus kéint ginn. De Räikkönen huet seng Pneuen clever geschount a konnt kuerz viru Schluss souguer nach mat bal ofgefuerene Pneuen, déi Séierst Ronn vun der Course fueren.
Nom éischte Grand Prix, wëll de Kimi Räikkönen um Mikro vun eisen Däitschen Kollegen vun RTL Television, natierlech nach net iwwert de WM-Titel schwätzen.
No sengem Come Back zejoert, ass et déi zweet Victoire fir de Weltmeeschter vun 2007.
4te gouf um Sonndegmoien de Felipe Massa um zweete Ferrari.
5ten Hamilton, 6ten Webber, 7ten Sutil, 8ten di Resta, 9te Button, an nach ee Punkt fir de Romain Grosjean um zweete Lotus.
Ausgefall sinn den Nico Hülkenberg, de Pastor Maldonado an den Nico Rosberg.
De nächste Grand Prix ass schonn d'nächst Woch zu Kuala Lumpur mam Grousse Präis vun Malaysia.