Beim 1. fräien Training vum Grousse Präis vu Malaysia war de Mark Webber um Red Bull dee Séiersten. Am 2. fräien Training dominéiert de Kimi Räikkönen.

Den 2. Training huet musse wéinst enger zolitter Reeschauer ënnerbrach ginn.

Leschten freien Training fir de GP vu Malaysia an der F1: Séiersten war den Titelverdeedeger Sebastian Vettel op Red Bull, dat virum Lewis Hamilton am Mercedes, dem Force India Pilot Adrian Sutil an dem Australier Mark Webber am zweete Red Bull. De WM-Klassements-Eischten Kimi Räikönnen ass déi 5. séierst Zäit gefuer.