De Sebastian Vettel steet um Sonndeg op der Pole Position vum Grousse Präis vu Malaysia. De Felipe Massa gouf den Zweete beim Qualifying.

Drëtten ass de Fernando Alonso. 4. de Lewis Hamilton, 5. Marc Weber, 6. Nico Rosberg.

Beim Grousse Präis vu Malaysia an der Formel 1 ass de Kimi Räikkönen vun der 7. Plaz 3 Plazen no hanne versat ginn. De Lotus-Pilot muss elo als 10. fort fueren. Hie soll de Nico Rosberg beim Qualifikatiounstraining behënnert hunn.

De Reen um Circuit vu Sepang hat de Qualifying duerchanee bruecht.