Formel 1: Mark Webber bei Red Bull eventuell virum Aus

Wéi d'Bild um Mëttwoch schreift, kritt de Mark Webber fir déi kommend Saison eventuell keen neie Kontrakt méi. Hie soll duerch en Nowuesspilot ersat ginn.
De Motrorsportberoder vu Red Bull, den Helmut Marko wollt sech net zu deem Sujet äusseren.
Beim Grousse Präis vu Malaysia war d'Relatioun tëscht dem Webber an dem Vettel op en Neits op eng grouf Prouf gestallt ginn, wéi de Vettel de Webber entgéint der Stallregie awer nach iwwerholl huet, an dobäi riskéiert huet, dass béid Piloten vun der Streck fléien. De Vettel huet de Grand Prix gewonnen... de Webber war ausser sech vu Roserei an huet d'Entschëllegung vum Vettel net ugeholl.
Am meeschte gelies