F1: Keng Stalluerder méi bei Red Bull, mee 2014 Räikönnen?

Aus der Formel 1 ass et d'Nouvelle, dass Red Bull decidéiert huet, d'Stalluerder ofzeschafen.
Dat heescht, de Sebastian Vettel an de Mark Webber däerfe sech an Zukunft ouni Virschrëfte vu baussen iwwerhuelen. Beim Grousse Präis vu Malaysia hat de Vettel de Webber iwwerholl, obwuel d'Ecurie decidéiert hat näischt méi ze riskéieren. Beim nächste Grand Prix ginn et also keng Virschrëfte méi.
Dëst huet de Red Bull Chef Dietrich Mateschitz an d'Weeër geleet an och de Sportchef Helmut Marco huet dëst scho confirméiert.
An der Formel 1 huet dernieft de Kimi Räikkönen op d'Avancë vu Red Bull reagéiert.
Am Virfeld vum Grousse Preis vu China de Weekend zu Shanghai, sot de Lotus-Pilot, hien hätt kee Kontrakt fir nächst Saison, mol kucke wat géing geschéien.
No der Stalluerder-Affaire bei Red Bull, an dem souwisou gereizte Klima tëscht Vettel an Webber hat de Red Bull-Chef Dietrich Mateschitz de Kimi Räikkönen fir de Cockpit niewent dem Vettel nächst Saison an d'Spill bruecht.