De Formel 1-Pilot Mark Webber (Red Bull) soll Informatioune vun der Bild no, schonn en 3-Jores Kontrakt bei Porsche ausgehandelt hunn.

Hie soll fir d'Traditiounsmark vun 2014 un an der Laangstrecke-WM a bei de 24h Le Mans an den Asaz kommen, ënnerschriwwe wier awer nach näischt.

Als méigleche Nofolger vum Webber bei Red Bull gëtt de Lotus-Pilot a Vettel-Kolleg Kimi Räikkönen gehandelt.