E Sonndeg ass mam Grousse Preis vu Bahrain, de 4. Grand Prix vun der Saison. Beim 2. fräien Training, war de Kimi Räikkönen um Lotus de Séiersten.

Hie war en Tick méi séier wéi de Vettel an den Webber um Red Bull. Den Alonso koum op Plaz 4. Dem Räikkönen säin Teamkolleg koum just op Plaz 7 (+0.477).

Beim éischte freien Training, war e Freidegmoien de Felipe Massa op Ferrari dee séiersten, viru sengem Teamkolleg Fernando Alonso, 3. Rosberg an 4. de Sebastian Vettel op Red Bull.

Op de Plazen 9 an 10 koumen déi zwee Lotus-Piloten Kimi Räikkönen a Romain Grosjean.