Formel 1: Beim Grousse Präis vum Bahrain gewënnt de Sebastian Vettel um Red Bull virum Kimi Räikkönen (Lotus) an dem Romain Grosjean (Lotus).

Vun Ufank u war et eng spannend Course un der Spëtzt. De Nico Rosberg konnt um Ufank nach seng Spëtzepositioun verdeedegen. Hannendru gouf et direkt een animéierten Zweekampf tëschen dem Fernando Alonso an dem Sebastian Vettel.

Am 4. Tour huet de Sebastian Vettel dunn den Nico Rosberg iwwerholl a sech séier eng Avance erausgefuer op de Fernando Alonso, dee sengersäits de Nico Rosberg hannert sech gelooss huet.

De Spuenier um Ferrari hat awer scho fréi an der Course mat Problemer um hënneschte Fligel ze kämpfen.

An der 11. Ronn war et dunn deen éischte Stopp vum Weltmeeschter Vettel. Op der 5. Plaz koum hien zeréck ma séier huet hien nees d’Spëtzt vun der Course iwwerholl. Dat war och no sengem 2. Stopp an der 26. Ronn de Fall.

Hannert dem Leader huet sech mam Paul di Resta um Force India ee Pilot gewisen deen een net sou oft op den éischte Plaze gesäit. Mam Mark Webber an dem Kimi Räikkönen waren awer och ganz prominent Nimm mat vir bäi.

Un der Spëtzt ass et bei enger komfortabeler Avance vum Sebastian Vettel bliwwen.

Hie gewënnt um Enn virum Kimi Räikkönen an dem Romain Grosjean, allebéid um Lotus.