Formel 1 Qualifying: Pole Positioun fir den Nico Rosberg

© msp.lu
Beim Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona geet den Nico Rosberg vun der Pole Position an d'Course, dat virum Lewis Hamilton an dem Sebastian Vettel.
Am 1. Deel vum Qualifying goufen déi 2 Williams Piloten Bottas a Maldonado eleminéiert. De Maldonado war d'lescht Joer aus der 1. Rei gestart, an hat d'Course dunn och gewonnen. Net méi mat dobäi am 2. Deel vum Qualifying waren och Van der Garde, Bianchi, Chilton a Pic.
Am 2. Deel huet et dunn déi 2 Torro Rosso Piloten Ricciardo a Vergne erwëscht, genausou wéi den Adrian Sutil um Force India. Iwwerraschend war d'Eleminatioun vum Jenson Button. Hie koum mam McLaren just op Positioun 14. Hannendru koumen den Nico Hülkenberg an den Esteban Gutierrez, allebéid op Sauber.
Am leschten Deel wou et ëm d'Plazen 1 bis 10 goung, hat den Nico Rosberg déi beschte Ronn zesummekritt. Hie war 0,254 Sekonne méi séier wéi säin Teamkolleg Lewis Hamilton um Mercedes.
Hannendru komme Vettel, Räikkönen, Alonso, Massa, Grosjean, Webber, Perez an di Resta.