Formel 1: De Fernando Alonso wënnt de GP zu Barcelona

Formel 1: Beim Grousse Präis vu Spuenien wënnt de Fernando Alonso op Ferrari virum Kimi Räikkönen um Lotus. Drëtte gëtt de Felipe Massa (Ferrari).
Déi meescht Pilote waren op enger 4-Stopp Strategie, a beim Fernando Alonso huet dat sech och ausbezuelt. De Kimi Räikkönen huet et awer anescht gemaach, an ass nëmmen 3 mol un d'Box gefuer. Hien huet sech seng Pneue gutt agedeelt, a ka soumat vu Startplaz 4 an der Course op Plaz 2 no vir fueren.
Ëm d'Plazen 3 a 4 wier et um Enn nachemol bal spannend ginn tëscht dem Sebastian Vettel um Red Bull an dem Felipe Massa um Ferrari. De Massa ass awer 9 Ronne viru Schluss nees Top Zäite gefuer a konnt sech vum Vettel ofsetzen. Hie konnt de Réckstand op de Räikkönen souguer nach verkierzen, et ass awer net méi duergaange fir de Finn rëm ze kréien.
Op Plaz 5 kënnt de Mark Webber um anere Red Bull.
Den Nico Rosberg, an de Lewis Hamilton déi vun de Plazen 1 an 2 forgefuer waren, haten an dëser Course net vill ze laachen. Si hate massiv Problemer mat hire Pneuen, a goufe wäit no hannen duerch gereecht. Réicht um Enn vun der Course si si konkurrenzfäheg Zäite gefuer. De Rosberg konnt sech nach an den Top10 (Plaz 6) halen, wougéint de Lewis Hamilton just den 12ten gëtt.
Scho fréi an der Course huet de Romain Grosjean säi Lotus mussen an der Garage ofstellen. Bei him war hannen d'Radophänkung gebrach.
Am General huet weider de Weltmeeschter Sebastian Vettel d'Nues vir. De Red Bull-Pilot huet 4 Punkten Avance op de Kimi Räikkönen. De Fernando Alonso läit no sengem Succès zu Barcelona op der 3. Plaz vum General.