Formel 1 - Monaco: Am fräien Training war de Mercedes Pilot Nico Rosberg um Donneschdeg 2 mol dee Séiersten, dat viru sengem Teamkolleg Lewis Hamilton.

De Fernando Alonso an de Felipe Massa konnten de Speed vun de Mercedes mat hire Ferrarien net matgoen.

De Romain Grosjean war iwwerraschend séier an de Stroosse vu Monaco. E war Drëttséiersten éier hien säi Lotus an d'Leitplanke gesat huet. Fir hien war no 10 Ronnen den Training um Nomëtteg gelaf. Hien ass awer zouversiichtlech fir de Qualifying... de Speed vum Auto géif stëmmen. De Kimi Räikkönen konnt sech am Nomëtteg ëm 2 Sekonne verbesseren a wäert am Qualifying och eng Roll am Kampf ëm d'Pole Position spillen.

Déi 2 Red Bull Pilote Webber a Vettel konnten um Donneschdeg nach net iwwerzeegen. De Webber huet 2010 an 2012 zu Monaco gewonnen a war am Training och méi séier wéi de Vettel.

Um Freideg hunn d'Formel 1 Piloten mol Paus... de leschte fräien Training ass um Samschdegmoien éier da mëttes de Qualifying gefuer gëtt. De Qualifying zu Monaco ass extrem wichteg. Dacks ass de Pole-Mann nämlech um Enn och de Gewënner vum Grand-Prix.