Nieft dem Mercedes-Pilot steet säin Teamkolleg Lewis Hamilton, de Weltmeeschter Sebastian Vettel ass op déi drëtte Plaz komm.

Den Nico Rosberg realiséiert um Samschdeg am Nomëtteg déi séierst Zäit am Qualifying a steet domat ewell déi 3. Kéier op der Pole fir dës Saison (no Bahrain a Spuenien).

RTL

D'Lotus-Pilote Kimi Raikkönen a Romain Grosjean starte vun de Plaze 5 an 13.