Formel 1: Den Nico Rosberg (Mercedes) gewënnt de Grousse Präis vu Monaco, dat virum Sebastian Vettel an dem Mark Webber (allebéid Red Bull).

Turbulent war de Grousse Präis vu Monaco um Sonndeg.

Nom Depart konnt den Nico Rosberg seng 1. Plaz aus dem Qualifying verdeedegen. Och hannendrun huet sech direkt näischt geännert. Rosberg, Hamilton, Vettel, Webber – dat waren déi éischt 4 no der 1. Ronn.

Den Nico Rosberg huet dono d’Course dominéiert, d’Ofstänn un der Spëtzt sinn dobäi konstant bliwwen.

Richteg turbulent gouf et dunn eng éischte Kéier an der 30. Ronn. No engem Accident vum Felipe Massa koum de Safety Car op d’Streck.

Réischt am 39. Tour ass de Safety Car dunn nees vun der Streck gefuer an d’Course ass quasi nees bei Null ugaangen. Den Nico Rosberg konnt awer och beim Neistart seng Spëtzepositioun verdeedegen.

Un der Spëtzt huet sech ee spannenden däitsch-däitschen Duell tëschen dem Nico Rosberg an dem Weltmeeschter Sebastian Vettel entwéckelt.

An der 46. Ronn gouf d’Course dunn ënnerbrach. De Max Chilton an de Pastor Maldonado waren anenee gerannt.

Och vun dësen Turbulenzen huet sech den Nico Rosberg awer net méi aus der Rou brénge gelooss, och net wéi an der 64. Ronn nach eemol de Safety Car huet missen op d'Streck kommen.

Un der Victoire vum Nico Rosberg sollt sech dann och näischt méi änneren, hie setzt sech virun den 2 Red Bull-Pilote Sebastian Vettel a Mark Webber duerch.

Am General huet de Sebastian Vettel elo 21 Punkte Virsprong op de Kimi Räikkönen.