Den aktuelle Weltmeeschter wënnt de Sonndeg dei 1. Kéier beim Grousse Präis vu Kanada. 2. gëtt de Fernando Alonso an 3. de Lewis Hamilton.

De Vettel huet sech beim Start géint de Lewis Hamilton, dee mat an der 1. Rei stoung, duerchgesat a konnt sech och direkt ofsetzen.

Marc Webber a Fernando Alonso hunn iwwerdeems ëm déi 3. Plaz gekämpft. Si hunn de Nico Rosberg hannert sech gelooss a sech géigesäiteg näischt geschenkt. De Mark Webber konnt sech e klenge Virsprong erausfueren wéi et an der 39. Ronn zu enger Kollisioun tëscht dem Red Bull-Pilot an dem Giedo Van Der Garde koum. Deen hat de bloe Fändel ignoréiert a war esou dem Australier an de Wee geroden. Ausser Materialschued a wäertvoll Sekonne gouf et awer näischt ze bekloen. Sou koum et dann och, datt den Alonso wéineg spéider erukomm ass a schlussendlech och iwwerholl huet. Um Enn konnt den Alonso 4 Plaze gutt maachen an als 2. iwwer d'Arrivée fueren.

Ouni technesch Problemer wär dem Sebastian Vettel d’Victoire zu dem Zäitpunkt scho net méi ze huele gewiescht a sou gewënnt hien um Enn och Souverän déi 1. Kéier a senger Carrière de grousse Präis vu Kanada.

Trageschen Accident

Beim Grousse Präis vu Kanada ass e Streckeposten ëm d'Liewe komm. Wéi de Kran den Auto vum Gutierrez aus dem Wee geraumt huet, ass e Streckeposten gefall, an ass ënnert de Kran komm. Fir den Ongléckleche koum all Hëllef ze spéit.