Formel 1: Genii verkeeft 35% vum Lotus F1 Team

Genii Capital, d'Investement Firma vun de Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux huet 35% vun der Ecurie Lotus F1 Team un Infinity Racing verkaf.
Genii Capital huet elo deemno nach 65 Prozent vun der Formel 1-Ecurie. De Gérard Lopez an den Eric Lux bleiwen awer nach ëmmer un der Spëtzt vum Lotus F1 Team. Infinity Racing ass eng Gesellschaft, déi bekannt ass, fir hir héich Qualitéit a verschiddenen Technologien. Der Ecurie wäert dës Zesummenaarbecht och hëllefen de KERS-System ze verbesseren, esou de Gérard Lopez.
Am meeschte gelies