De Mark Webber hält Enn vun der Saison mat der Formel 1 op a wiesselt eriwwer bei Porsche fir Endurance-Coursen, wéi d'24 Stonne vu Le Mans.

Wien de Cockpit bei Red Bull iwwerhëlt steet nach net fest. Am meeschte gëtt de Kimi Räikkönen gehandelt, deem säi Vertrag bei Lotus Enn vun der Saison ausleeft.