Am zweete Fräien Training war haut den Nico Rosberg (Mercedes) de Séiersten, virum Mark Webber (Red Bull) a Sebastian Vettel (Red Bull).

De Romain Grosjean (Lotus) gouf den 9ten, de Kimi Räikkönen (Lotus) den 13ten.

Red Bull huet dann och haut konfirméiert, wéieng 3 Piloten d'nächst Saison de Mark Webber ersetze kéinten. Dat sinn de Kimi Räikkönnen  an déi zwee Toro-Rosso-Piloten Daniel Ricciardo a Jean-Eric Vergne.