Formel 1: Victoire vum Nico Rosberg zu Silverstone

© AFP
Formel 1: Den Nico Rosberg (MercedesGP) gewënnt zu Silverstone virum Mark Webber (Red Bull) an dem Fernando Alonso (Ferrari).
De Lewis Hamilton, dee jo vun der Pole Position an d'Course gestart war, huet seng éischte Plaz um Depart och konnte verdeedegen.
Net awer den Nico Rosberg, deen ee ganz schlechten Depart erwëscht hat an nach virun der éischter Kéier vum Sebastian Vettel iwwerholl gouf.
De Lewis Hamilton sollt awer net laang a Féierung bleiwen. Ee Pneu u sengem McLaren ass nämlech futti gefuer an de Sebastian Vettel huet heivunner profitéiert fir a Féierung ze goen.
An der 14. Ronn ass de Vettel dunn eng éischte Kéier an d'Box gefuer ma och no dësem Stopp sollt hien d'Féierung behalen.
Am 16. Tour war et dunn de Safety Car, deen huet missen op d'Streck kommen - ze vill Gefierer hate Problemer mat futtise Pneuen an d'Pist huet misse gebotzt ginn.
Nodeems de Safety Car nees an d'Box gefuer war, konnt de Vettel seng Féierung behapten, dat virum Nico Rosberg.
De Vettel ass souverän enger weiderer Victoire entgéint gefuer bis et am 42. Tour fir hie wéinst engem technesche Problem net méi virugoung.
De Safety Car koum op en neits op d'Streck. Den Nico Rosberg ass weider a Féierung bliwwen, dat virum Kimi Räikkönen an dem Adrian Sutil.
Vun hannen huet et awer dunn de Mark Webber ëmmer méi Drock gemaach a sech bis op déi zweete Plaz no vir geschafft.
Rosberg, Webber, Alonso - dat waren um Enn d'Top 3.
Giel Fändelen net respektéiert?
No der Course hunn d'Kommissären de Rosberg verwarnt. De Mercedes-Pilot hat ee giele Fändel während der Course net respektéiert.