Formel 1: Sebastian Vettel gewënnt um Nürburgring

© AFP
Formel 1: De Sebastian Vettel (Red Bull) gewënnt um Nürburgring, dat virum Kimi Räikkönen an dem Romain Grosjean (allebéid Lotus).
Direkt nom Depart hunn de Sebastian Vettel an de Mark Webber de Lewis Hamilton iwwerholl a sinn a Féierung gaangen.
D’Spëtzeleit si fréi eng éischte Kéier an d’Box gefuer fir sech nei Pneue sichen ze goen. Opreegung gouf et dobäi an der 9. Ronn wéi de Mark Webber ee Pneu verluer huet. De Pneu huet ee Kameramann am Réck getraff.
Un der Spëtzt loungen zu deem Zäitpunkt de Romain Grosjean an de Fernando Alonso, dat awer net laang well béid Pilote koume kuerz Zäit drop och an d’Box fir deen éischte Pneuewiessel.
Am 24. Tour koum dunn de Safety Car op d’Streck. Dem Jules Bianchi säi Marussia hat Feier gefaangen. Vun dëser Safety Car-Phase hunn nach eemol quasi all Pilote profitéiert fir an d’Box ze fueren.
Vettel, Grosjean, Räikkönen an Alonso – dat waren d’Top 4 nodeems de Safety Car am 30. Tour nees vun der Streck gefuer ass.
Am 40. resp. 41. Tour sinn dunn noeneen de Romain Grosjean an de Sebastian Vettel an d'Box gefuer.
De Kimi Räikkönen an de Fernando Alonso loungen no dësen 2 Stopps dunn zesummen un der Spëtzt.
An der 50. Ronn sinn de Finn an de Spuenier dunn zesummen an d'Box gefuer. De Weltmeeschter Sebastian Vettel huet nees d'Féierung iwwerholl.
Um Enn konnt de Vettel sech dunn och duerchsetzen, dat virun de 2 Lotus vum Kimi Räikkönen an dem Romain Grosjean.