De fréiere Formel 1-Weltmeeschter Kimi Räikkönen huet elo eréischt déi éischt Pai vu sengem Patron Lotus kritt.

Dat ass jo d'Ecurie vum Gerard Lopes an dem Eric Lux.Den Teamchef vu Lotus huet dat elo op der BBC confirméiert. Jo, mir hunn ze spéit bezuelt, mä mir hu bezuelt, seet den Eric Boullier, ouni Grënn ze nennen.De Kimi Räikkönen gëtt den Ament als Nofolger vum Mark Webber bei Red Bull gehandelt.