De Lewis Hamilton gewënnt de Grousse Präis vun Ungarn, dat virum Kimi Räikkönen an dem Sebastian Vettel.

De Lewis Hamilton, dee vun der Pole Position an d’Course gaange war, konnt nom Start seng éischte Plaz virum Sebastian Vettel an dem Romain Grosjean verdeedegen.D’Top 3 konnte sech séier eng kleng Avance op dee 4., de Fernando Alonso, erausfueren.An der 10. Ronn ass de Lewis Hamilton dunn eng éischte Kéier an d’Box gefuer, de Sebastian Vettel koum zwou Ronne méi spéit.Den Hamilton ass a Féierung bliwwen an hat zwëschenduerch 13 Sekonnen Avance op de Weltmeeschter Sebastian Vettel.Dem Brit seng Avance goung dann och gutt duer fir no sengem leschte Stopp nach ëmmer a Féierung ze bleiwen. De Weltmeeschter Sebastian Vettel dogéint ass no sengem leschte Passage an der Box op déi 4. Plaz zeréckgefall – hanner Hamilton, Webber a Räikkönen.

De Vettel huet sech awer nees op déi 3. Plaz no vir gekämpft.

Um Lewis Hamilton senger Victoire sollt dat alles awer näischt méi änneren.

Hie gewënnt um Enn fir déi 4. Kéier den Ungarn-GP, dat virum Kimi Räikkönen an dem Sebastian Vettel.

Pos.NummTeamZäit
1Lewis HamiltonMercedes AMG1:42:29,445
2Kimi RäikkönenLotus F1 Team+ 10,938
3Sebastian VettelRed Bull Racing+ 12,459
4Mark WebberRed Bull Racing+ 18,044
5Fernando AlonsoScuderia Ferrari+ 31,411
6Romain GrosjeanLotus F1 Team+ 32,295
7Jenson ButtonMcLaren Mercedes+ 53,819
8Felipe MassaScuderia Ferrari+ 56,447
9Sergio PerezMcLaren Mercedes+1 RONN
10Pastor MaldonadoWilliams F1+1 RONN
11Nico HülkenbergSauber F1 Team+1 RONN
12Jean-Eric VergneScuderia Toro Rosso+1 RONN
13Daniel RicciardoScuderia Toro Rosso+1 RONN
14Giedo van der GardeCaterham F1 Team+2 RONNEN
15Charles PicCaterham F1 Team+2 RONNEN
16Jules BianchiMarussia F1 Team+3 RONNEN
17Max ChiltonMarussia F1 Team+3 RONNEN
18Adrian SutilForce India F1 TeamOut: Ronn 20
19Esteban GutierrezSauber F1 TeamOut: Ronn 30
20Valtteri BottasWilliams F1Out: Ronn 45
21Nico RosbergMercedes AMGOut: Ronn 66

Pos.NummTeamPunkten
1Sebastian VettelRed Bull Racing172
2Kimi RäikkönenLotus F1 Team134
3Fernando AlonsoScuderia Ferrari133
4Lewis HamiltonMercedes AMG124
5Mark WebberRed Bull Racing105
6Nico RosbergMercedes AMG84
7Felipe MassaScuderia Ferrari61
8Romain GrosjeanLotus F1 Team49
9Jenson ButtonMcLaren Mercedes39
10Paul di RestaForce India F1 Team36
11Adrian SutilForce India F1 Team23
12Sergio PerezMcLaren Mercedes18
13Jean-Eric VergneScuderia Toro Rosso13
14Daniel RicciardoScuderia Toro Rosso11
15Nico HülkenbergSauber F1 Team7
16Pastor MaldonadoWilliams F11
17Valtteri BottasWilliams F10
18Max ChiltonMarussia F1 Team0
19Esteban GutierrezSauber F1 Team0
20Jules BianchiMarussia F1 Team0
21Charles PicCaterham F1 Team0
22Giedo van der GardeCaterham F1 Team0