Am RTL-Interview verréit den Teamchef vu Lotus, den Eric Boullier, wat d'Ziler an d'Pläng vun der Ecurie fir déi nächst Saison 2014 sinn.

E Sonndeg, 25. August, ass zu Spa-Francorchamps de Grousse Preis vun der Belsch an der Formel 1. Fir d’Piloten ass d’Summerpaus no ronn engem Mount definitiv eriwwer. De Franky Hippert huet am Interview mam Teamchef vun Lotus, dem Eric Boullier, ënner anerem wësse wëllen, wat sech d’Ecurie vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux, fir déi zweet Halschent vun der Saison, virgeholl huet.

Am Resumé kann ee festhalen, datt Lotus sech als Zil gesat huet, an der Konstrukteurs-WM op 2. Plaz ze kommen. Donieft wëll d'Ecurie fir déi kommend Saison nach emmer mat deenen zwee nämmlechte Piloten fueren an et hofft een de Kimi Räikkönen halen ze kënnen. De Grosjean huet Potential Weltmeeschter ze ginn, sou den Eric Boullier, säin Ticket fir d'nächst Saison bei Lotus ass awer och nach net sécher.

AUDIO: De Franky Hippert am Interview mam Eric Boullier

D’Ecurie Lotus F1 Team steet an der Konstrukteursweltmeeschterschaft no 10 Coursen op der 4. Plaz, 11 Punkten hannert Ferrari an 25 hannert Mercedes. Leader ass Red Bull. Bei de Piloten ass de Kimi Räikkönnen vu Lotus deen Zweeten mat 134 Punkten, 38 hannert dem Weltmeeschter Sebastian Vettel. De Romain Grosjean ass den 8. mat 49 Punkten.