Formel 1: De Sebastian Vettel (Red Bull) huet de GP vun der Belsch gewonnen, dat virum Fernando Alonso (Ferrari) an dem Lewis Hamilton (Mercedes).

Scho kuerz nom Depart huet de Weltmeeschter de Sebastian Vettel de Lewis Hamilton iwwerholl. Den Hamilton war zwar besser fortkomm, ma no e puer honnert Meter huet de Vettel d’Spëtzt iwwerholl.

Ganz staark ass am Ufank vun der Course och de Fernando Alonso gefuer. De Spuenier, deen am Qualifying just dee 9. gi war, huet Plaz ëm Plaz gutt gemaach a sech op déi 3. Plaz no vir geschafft.

Hannendru gouf et deen een oder anere spannenden Duell, sou z.B. tësche Massa a Räikkönen - allerdéngs goung et dobäi nëmmen ëm déi 7. Plaz.

Tëschenduerch war et och ëmmer nees déi spannend Fro ob et géif ufänke mat reenen oder net. Ma zu Spa-Francorchamps ass et dëse Sonndeg, entgéint de Previsiounen, dréche bliwwen.

Um Enn gewënnt de Sebastian Vettel souverän, dat virum Fernando Alonso an dem Lewis Hamilton.