Formel 1: De Weltmeeschter Sebastian Vettel gewënnt de Grousse Präis vun Italien, dat virum Fernando Alonso (Ferrari) an dem Mark Webber (Red Bull).

De Weltmeeschter Sebastian Vettel, dee vun der Pole gestart war, ass net gutt fortkomm. Trotzdem konnt hie seng Féierung nom Depart verdeedegen.Hannert dem Vettel gouf et awer direkt turbulent. De Felipe Massa huet ee gudde Start erwëscht an ass op déi  2. Plaz no vir gefuer.Hannendrun huet de Fernando Alonso dunn och de Mark Webber attackéiert. Een haarde Manöver ma um Enn konnt de Spuenier de Red Bull-Pilot iwwerhuelen. An et sollt nach besser kommen well den Alonso huet och de Felipe Massa iwwerholl.De Sebastian Vettel ass awer un der Spëtzt eng souverän Course gefuer.Nodeems de Vettel an an den Alonso allebéid un der Box waren, ass de Weltmeeschter un der Spëtzt bliwwen.Vettel, Alonso, Webber a Massa – dat waren déi éischt 4 vun der Course an dorunner sollt sech och bis zum Schluss näischt méi änneren.

Am General huet de Vettel elo schonn 53 Punkte Virsprong op de Fernando Alonso. 7 Course bleiwen nach ze fueren, den nächste Grand Prix ass an 2 Wochen zu Singapur.

  1 Sebastian VettelRed Bull Racing1:18:33,352
  2 Fernando AlonsoFerrari+ 5,004
  3 Mark WebberRed Bull Racing+ 6,003
  4 Felipe MassaFerrari+ 9,003
  5 Nico HülkenbergSauber F1+ 10,003
  6 Nico RosbergMercedes GP+ 10,009
  7 Daniel RicciardoToro Rosso+ 32,003
  8 Romain GrosjeanLotus+ 33,001
  9  Lewis HamiltonMercedes GP+ 33,005
10 Jenson ButtonMcLaren-Mercedes+ 38,003