Formel 1: Wiessel vum Kimi Räikkönen bei Ferrari?

Wéi et an der däitscher Press heescht, wiesselt de Kimi Räikkönen déi aner Saison nees zréck bei Ferrari.
Den aktuelle Lotus-Pilot géif deemno de Felipe Massa ersetzen. De Coup wier en Affront géint de Fernando Alonso, deen 2009 an d'Plaz vum Räikkönen bei Ferrari komm war. Domadder wier dem Spuenier seng éischt Plaz am Cockpit nämlech a Fro gestallt. De Fernand Alonso hat ze Lescht Kaméidi mam Ferrari-Chef. Et gëtt och Rumeuren, déi soen, datt den Alonso da bei Lotus wiesselt.
Am meeschte gelies