David Coulthard bei Roadshow: Säin F1 fänkt Feier!

Een Ament huet de Red Bull vum David Coulthard Feier gefaang. / © Lloyd WINANDY
E Sonndeg war op Belval eng richteg lass. Op den Industriefrichen war déi éischt Roadshow hei am Land. 12.000 Spectateuren waren derbäi.
Den Auto vum F1-Weltmeeschter Sebastian Vettel mam David Coulthard um Steier war de Clou vum ganze Spektakel. Ma dee Won huet och eng Kéier kuerz méi serieux gedämpt um Sonndeg géint 11.45 Auer bei der éischter Sortie. De Bolide gouf awer séier zougedeckt. RBR hat jo en zweete F1-Auto op der Plaz.Op eise Fotoe gesäit een awer, wéi séier d'Pompjeeën konnte reagéieren.

Den Erléis vun der Roadshow op Belval ass iwwregens fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. Et ass effektiv eng Premiere hei zu Lëtzebuerg. Bis elo gouf et nach ni eng Roadshow, den Organisateur Jerry André, dee mam Sonndeg ganz zefridden ass, schwätzt vun engem Erfolleg.
Virun engem décke Joer sollt déi éischt Roadshow schonn op der Cloche d'Or sinn. Dorausser ass awer näischt ginn. Elo ass een am Süde vum Land.

E Sonndeg de Moien goung et um 11 Auer lass mam Warm-Up. Den Organisateur Jerry André huet op jiddwerfall e ganze flotte Programm op d'Been gestallt kritt.

E Samschdeg den Owend war och en Charity-Gala Dinner, deen mat 600 Leit, ausverkaf ass. E Freidegowend um 19 Auer gëtt zu Käerjeng am Kader vun der Roadshow scho Football fir den gudden Zweck gespillt, wou ënner anerem de Footballnationaltrainer Luc Holtz, an och fréieren Gloiren wéi de Manu Cardoni dobäi sinn.

Hei klëmmt den David Coulthard an de Won. / © F. Hippert