Gérard Lopez: Iwwerrascht iwwer Kimi-Aussoen zu senger Pai

Am RTL-Interview huet de Patron vun der Formel 1-Ecurie Lotus op d'Aussoe vum Kimi Räikkönen reagéiert, hie géif wéinst Geldproblemer bei Ferrari goen.
De Gérard Lopez seet sech iwwerrascht iwwer den Zäitpunkt vun den Aussoen. Et wier mam Pilot ausgemaach gewiescht, datt hie seng Suen um Enn vun der Saison ganz ausbezuelt géif kréien, sou wéi dat och schonn d'lescht Saison de Fall war.
De Kimi Räikkönen huet um Donneschdeg Kloertext geschwat. Säin Depart bei Lotus géif un de Sue leien, sot de Finn op enger Pressekonferenz. Dëst am Kader vum Grousse Präis vu Singapur. Et géif ëm d'Bezuelung allgemeng goen, sou de Pilot vun der Ecurie vum Gerard Lopez. Hien hätt seng Pai net kritt. Et gi scho méi laang Rumeuren, datt et Geldproblemer bei der Ecurie Lotus ginn.