De Weltmeeschter Sebastian Vettel steet beim Grousse Präis vu Singapur op der Pole Position.

Hannert dem Weltmeeschter um Red Bull, dee jo och den Ament am General un der Spëtzt läit, leien den Nico Rosberg um Mercedes an de Romain Grosjean um Lotus op der Plazen 2 an 3.

Déi zweet Rei komplett mécht de Mark Webber um zweete Red Bull.