Formel 1: Victoire vum Sebastian Vettel beim GP vu Singapur

Den Däitsche Sebastian Vettel (Red Bull) wënnt de Grousse Präis vu Singapur virum Fernando Alonso (Ferrari) an dem Kimi Räikkönen (Lotus).
An der Formel 1 huet den Sebastian Vettel um Sonndeg beim Nuets-Grandprix e weidere grousse Schratt Richtung Weltmeeschtertitel gemaach.
Den däitsche Red-Bull-Pilot konnt sech beim Grousse Präis vu Singapur souverän virum Fernando Alonso op Ferrari behaapten.
Als 3. um Podium stoung den Kimi Raikkönen op Lotus.
Als 4. a 5. hu sech béid Mercedes-Piloten Nico Rosberg a Lewis Hamilton klasséiert.
Am General huet de Vettel elo 60 Punkten Avance op den Alonso.
Am meeschte gelies