Formel 1: Kimi Räikkönen mat Crash, Hamilton am Séiersten

Am 1te fräien Training fir de Grousse Präis vu Südkorea an der Formel 1 war de Lewis Hamilton dee Séiersten.
Knapp hannendrunn koum de Sebastian Vettel, Drëtt-séierste war den Teamkolleg Mark Webber.
De Fernando Alonso ass just déi sechst bescht Zäit gefuer. Op Plaz 8 loung de Finn Kimi Räikkönen, dee kuerz virum Enn vum Training säi Lotus an d'Mauer gekéiert huet.
De Finn huet an der lescht nees mat Réckeproblemer ze kämpfen, dofir waren d'Suergen an der Box grouss. Iwwer Funk huet säin Team nogefrot wat geschitt ass, wouropshin de Räikkönen gewinnt dréche geäntwert huet: "I hit the wall" (Ech sinn an d'Mauer gerannt).
D'Course a Südkorea ass e Sonndeg de Mueren um 8 Auer moies onser Zäit.
Am meeschte gelies