Beim Grousse Präis vu Südkorea an der Formel 1 war um Samschdeg de Moien de Qualifying.

Op der Pole Positioun steet also de Sebastian Vettel mat sengem Red Bull. Zweete gouf de Lewis Hamilton op Mercedes. Déi 3. Plaz war fir de Mark Webber um zweete Red Bull. Den Australier gëtt awer wéinst e puer Verwarnungen 10 Plazen no hanne gesat.

Déi 4. Plaz am Qualifying war fir de Romain Grosjean op Lotus, duerno komme Rosberg an Alonso.

Den zweete Lotus vum Kimi Räikkönen koum um Samschdeg de Moien op déi 10. Plaz.

De Grousse Präis vu Südkorea ass e Sonndeg de Moien um 8 Auer.