Formel 1: De Weltmeeschter Sebastian Vettel (Red Bull) wënnt fir d'3. Kéier hannerteneen de Grousse Präis vu Südkorea.

Hannert him déi 2 Lotus-Piloten, de Finn Kimi Räikkönen an de Fransous Romain Grosjean.

Den Nico Hülkenberg (Sauber) plazéiert sech op enger gudder 4. Plaz.

5. gëtt de Lewis Hamilton (Mercedes) a 6. gëtt de Fernando Alonso op Ferrari.

Et feelt net méi vill, dann kann de Weltmeeschter säi 4. Titel feieren. Dat kéint schonn den nächste Sonndeg a Japan de Fall sinn, wann de Vettel gewënnt, an den Alonso, net besser wéi den 9. gëtt.

Am WM-Klassement huet de Vettel elo 272 Punkten, 77 virum Alonso. De Räikkönen huet als drëtten e Retard vun 105 Punkten. 8. de Romain Grosjean mat am ganzen 72 Punkten.