Beim Grousse Präis vu Japan ass et eng Victoire vum Sebastian Vettel um Red Bull virun dem 2. Red Bull-Pilot Marc Webber an dem Romain Grosjean um Lotus.

De Romain Grosjean konnt beim Depart vun engem Manöver vum Lewis Hamilton profitéieren, fir ganz vir un d'Spëtzt vun der Course ze kommen. De Lewis Hamilton wollt laanscht d'Red Bull vu Webber a Vettel fueren, huet dat awer missen opginn virun der éischter Kéier. De Mercedes-Pilot huet sech derbäi och een hënneschte Pneu futti gemaach.

De Romain Grosjean konnt sech dunn Ronn ëm Ronn un der Spëtzt halen, och nom éischte Passage an der Box. De Virsprong vum bis dohinner souveräne Lotus-Pilot huet sech nom 2. Boxenstopp awer net confirméiert. Hie gëtt 10 Ronne viru Schluss vum Sebastian Vettel an dem Marc Webber an d'Zaang geholl an dann och nach vum Marc Webber iwwerholl a gëtt exzellenten Drëtten.

De Fernando Alonso um Ferrari gëtt de 4. Deemno huet sech d'Weltmeeschterschaft vun de Piloten och net schonn zu Suzuka decidéiert. Eng 9. Plaz vum Alonso hätt bei enger Vettel-Victoire deem seng 4. WM scho fréizäiteg confirméiert.

De Kimi Räikkönen um zweete Lotus huet sech als 5ten klasséiert. Am WM Generalklassement huet de Vettel elo 90 Punkten Avance op den Alonso.

Den nächste Grand-Prix ass an zwou Wochen an Indien.

Pos.       Numm             Team                 Zäit
1Sebastian VettelRed Bull Racing1:26:49.301
2Mark WebberRed Bull Racing+0:07.129
3Romain GrosjeanLotus F1 Team+0:09.910
4Fernando AlonsoScuderia Ferrari+0:45.605
5Kimi RäikkönenLotus F1 Team+0:47.325
6Nico HülkenbergSauber F1 Team+0:51.615
7Esteban GutierrezSauber F1 Team+1:11.630
8Nico RosbergMercedes AMG+1:12.023
9Jenson ButtonMcLaren Mercedes+1:20.821
10Felipe MassaScuderia Ferrari+1:29.263
11Paul di RestaForce India F1 Team+1:38.592
12Jean-Eric VergneScuderia Toro Rosso+ 1 Ronn
13Daniel RicciardoScuderia Toro Rosso+ 1 Ronn
14Adrian SutilForce India F1 Team+ 1 Ronn
15Sergio PerezMcLaren Mercedes+1 Ronn
16Pastor MaldonadoWilliams F1+ 1 Ronn
17Valtteri BottasWilliams F1+ 1 Ronn
18Charles PicCaterham F1 Team+ 1 Ronn
19Max ChiltonMarussia F1 Team+ 1 Ronn
20Lewis HamiltonMercedes AMGOut: Ronn 7

Pos.       Numm              Team                Punkten
1Sebastian VettelRed Bull Racing297
2Fernando AlonsoScuderia Ferrari207
3Kimi RäikkönenLotus F1 Team177
4Lewis HamiltonMercedes AMG161
5Mark WebberRed Bull Racing148
6Nico RosbergMercedes AMG126
7Felipe MassaScuderia Ferrari90
8Romain GrosjeanLotus F1 Team87
9Jenson ButtonMcLaren Mercedes60
10Nico HülkenbergSauber F1 Team39
11Paul di RestaForce India F1 Team36
12Adrian SutilForce India F1 Team26
13Sergio PerezMcLaren Mercedes23
14Daniel RicciardoScuderia Toro Rosso18
15Jean-Eric VergneScuderia Toro Rosso13
16Esteban GutierrezSauber F1 Team6
17Pastor MaldonadoWilliams F11
18Valtteri BottasWilliams F10
19Jules BianchiMarussia F1 Team0
20Charles PicCaterham F1 Team0
21Giedo van der GardeCaterham F1 Team0
22Max ChiltonMarussia F1 Team0

 

Team-Wäertung

          Pos.   TeamPunkten
1Red Bull Racing445
2Scuderia Ferrari297
3Mercedes AMG287
4Lotus F1 Team264
5McLaren Mercedes83
6Force India F1 Team62
7Sauber F1 Team45
8Scuderia Toro Rosso31
9Williams F11
10Marussia F1 Team0
11Caterham F1 Team0