Déi privat Organisateure vum Grand-Prix vun Indien, deen dëse Weekend an der Formel 1 gefuer gëtt, sinn dem Fisk nach Millioune Steiere schëlleg.

Dat iewescht indescht Geriicht sollt um Freideg decidéieren, ob de Grand-Prix am leschte Moment nach ofgesot gëtt oder net. Dee Rendez-Vous gouf awer lo op déi kommend Woch verréckelt, sou dass d'Course wéi geplangt ka gefuer ginn.

Ëmstridden bleift de Formel 1 Zirkus zu New Delhi awer trotzdem.