E Sonndeg ass an der Formel 1 de Grousse Präis vun Indien. Beim 1. an 2. fräien Training war de Weltmeeschter Sebastien Vettel op Red Bull dee Séiersten.

Säin Teamkolleg Mark Webber koum am 1. Training direkt hannedrun. Den Nico Rosberg op Mercedes hat deen drëttbeschte Chrono. Véierte gouf de Romain Grosjean op Lotus. De Kimi Räikkönen gouf um zweete Lotus just 17.

Am zweeten freien Training waren op deenen zwou éischten Plazen nees Vettel respektiv Webber. Des Kéier war de Grosjean den Drëtte virum Hamilton. Beim Räikkönen ass et als 8. scho besser gelaf.