Problemer ginn et beim leschte fräien Training: Wéinst déckem Smog an domat ganz schlechter Siicht war den Depart 20 Minutte méi spéit wéi geplangt.

Um 11.20 Auer lokal Zäit ass et schliisslech lass gaang, mä fir den Ofschlosstraining hate Vettel a Co nëmme méi 40 Minutten amplaz de geplangte 60, zegutt.

De fräien Training fir de grousse Präis vu Japan vum Grand-Prix vun de Motorieder huet iwwerdeem misse ganz annuléiert ginn. Et reent immens vill an et ass decken Niwwel. Schonn e Freideg waren déi zwou Seance vun Training ofgesot ginn.