De Vettel (Red Bull) huet sech d'Pole Positon fir de Grousse Präis vum Sonnde geséchert. 2te gouf de Rosberg (Mercedes) viru sengem Teamkolleg Hamilton.

Domat geet de Formel-1-Weltmeeschter um Sonnden vun der 1ter Plaz an d'Course. Et ass dem Vettel seng 7te Pole Position fir dës Saison.
De Fernando Alonso (Ferrari) gouf nëmme 8ten.
Wann de Spuenier, deen aktuell 90 Punkte manner um Konto huet wéi de Vettel, e Sonnde sollt gewannen, bräicht de Vettel theoretesch nëmmen als 5ten iwwer d'Arrivée ze fueren, fir déi virzäiteg Victoire vu sengem 4te WM-Titel hannereneen ze secheren.
D'Lotus-Piloten Kimi Raikönnen a Romain Grosjean fueren muer op de Plaazen 6 respektiv 17 fort.