Formel 1: De Sebastian Vettel fir déi 4. Kéier Weltmeeschter

Den däitsche Red-Bull-Pilot huet de Grousse Präis vun Indien gewonnen an ass domat och fir déi 4. Kéier Weltmeeschter ginn.
„Alle Jahre wieder“, heescht et an Däitschland, an zanter 4 Joer och an der Formel 1. Virun ronn enger Stonn ass de Sebastien Vettel beim Grousse Preis vun Indien, fir déi 4. Kéier hannerteneen Weltmeeschter ginn.
Bis dato haten mam Juan Manuel Fangio an mam Michael Schumacher just zwee Piloten dat gepackt. De Vettel ass och dee jéngsten Formel-1-Pilot, deen dat jee realiséiert huet. Den Däitschen huet och dës Course gewonn, dat virun sengem Compatriot Nico Rosberg op Mercedes an dem Fransous Romain Grosjean op Lotus, der Ecurie vum Gerard Lopez.
De Sebastien Vettel huet e Sonndeg och déi 6. Course dës Saison hannerteneen fir sech entscheed.
De Kimi Räikkönen um zweete Lotus gëtt den Siweneten. Red Bull huet sech och den Konstrukteurstitel 3 Coursen virun Schluss geséchert.
De Vettel war op der Pole gestart, déi mëttlerweil 43. a senger Carrière a konnt sech sou eng virzäiteg VW-Victoire sécheren. Him wier bei der 16. vun insgesamt 19 Coursen u sech nëmmen eng Plaz 5 duergaang, fir sech den Titel ze huelen. An och wann de Vettel net sämtlech Punkten gefuer wier, hätt säi stäerkste Konkurrent de Fernando Alonso op mannst missen Zweete ginn, an dann och just fir d'Endresultat nach e bëssen erauszezécken.