Formel 1: De Weltmeeschter Sebastian Vettel (Red Bull) gewënnt de GP vun Abu Dhabi, dat virum Mark Webber (Red Bull) an dem Nico Rosberg (Mercedes).

De Sebastian Vettel hat sech nom Qualifying mat der 2. Plaz mussen zefridde ginn. An der Course huet de Weltmeeschter awer kuerze Prozess gemaach a säin Teamkolleg Mark Webber direkt iwwerholl.

Och den Nico Rosberg huet de Webber scho beim Depart hannert sech gelooss.

Net gutt ass et um Sonndeg fir de Kimi Räikönen gelaf. De Lotus-Pilot huet schonn nom éischten Tour wéinst technesche Problemer missen opginn.

De Sebastian Vettel ass un der Spëtzt eemol méi eng souverän Course gefuer. Am 15. Tour huet hien eng éischte Kéier nei Pneue kritt, ma och no sengem Stopp ass hien a Féierung bliwwen.

De Weltmeeschter ass zu Abu Dhabi nees a seng eege Course gefuer ouni dass een anere Pilot hätt kënne mathalen.

Déi aner Pilote stounge sech dogéint géigesäiteg am Wee. Sou z.B. den Nico Hülkenberg an de Sergio Perez déi an der 29. Ronn bal an der Box anenee gerannt wieren.

Um Enn gewënnt de Sebastian Vettel och de Grand Prix zu Abu Dhabi souverän, dat viru sengem Teamkolleg Mark Webber an dem Nico Rosberg um Mercedes. Fir de Weltmeeschter war et dee 7. Succès hannerteneen.