Partiell Vente Lotus: Mir kommunizéiere geschwënn, sou Lopez

De Gérard Lopez huet RTL gesot, datt hien dat ganzt weder confirméieren nach dementéiere géif. Genii Capital géif an den nächsten Deeg communiquéieren.
Wat d'Streikdrohung vum Kimi Raikönnen ugeet, sot den Gérard Lopez, d'Saach wär elo gekläert, an de Finn géif d'Primen vun de Punkten um Enn vun der Saison kréien, esou wéi dat vun Ufank un, ofgemaach war.
D'Nouvelle vum Méindegmoien
Den Investementgrupp Quatum Motorsports (Abu Dhabi) huet an engem Interview ënnerstrach, datt vu senger Säit alles kloer ass fir 35% vu Lotus z'iwwerhuelen.
Elo géif nach den definitiven Feu Vert vum Proprietaire, der Lëtzebuerger Genii Capital feelen. Zu engem méi spéiden Ament kéint een d'Ecurie och ganz iwwerhuelen.
Domat schéint dann och elo ofgeséchert ze sinn, dass de Kimi Räikkönen déi lescht Coursen awer fir Lotus wäert fueren, nodeems dee jo domat gedreet hat, net méi ze fueren, wann en net endlech seng Paie géif ausbezuelt kréien.
Et ass een och zouversiichtlech, dass ee sech lo mam Nico Hülkenberg wäert kënnen eenz ginn, fir hien amplaz vum Räikkönen ënner Kontrakt ze huelen, well de Finn jo bei Ferrari wiesselt fir déi kommend Saison.