An der Formel 1 fiert de Nico Hülkenberg méiglecherweis déi lescht zwou Coursse vun der Saison fir Lotus.

Den Däitsche bräicht allerdéngs de Feu Vert vum Team Sauber, fir déi hien dës Saison fiert.

Den Hülkenberg géif de Kimi Räikkönen ersetzen, deen dës Saison net méi un den Depart geet, de Finn gëtt en Donneschdeg wéinst Réckeproblemer operéiert.
 
Zanter e Méindeg ass et dann och offiziell, datt de Felipe Massa vun nächster Saison un fir Williams fiert. De Brasilianer huet fir 2 Joer ënnerschriwwen.