Ecclestone wënscht sech de Christian Horner als Nofolger

De Bernie Ecclestone huet eng éischte Kéier ëffentlech den Numm vu sengem Lieblingssuccesseur genannt.
De Chef vun der Formel 1 kéint sech den Teamchef bei Red Bull Christian Horner ganz gutt op senger Plaz virstellen. Den Horner war scho méi dacks als Nofolger vum 83 Joer alen Ecclestone gehandelt ginn. Den aktuelle Chef vum Sebastian Vettel huet awer och scho méi dacks gesot, datt en net intresséiert ass.

Am meeschte gelies